fbpx

Ultimativ Checklëscht fir d'Organisatioun vun ärer Hochzäit

Äre groussen Dag ouni Stress organiséieren an sécher näicht vergiessen

ORGANISATIOUN VUN ÄRER HOCHZÄIT

Eng Hochzäit ze organiséieren ass op den éischte Bléck, wat d’Aarbecht ugeet, e bëssen erschreckend.

Fir vill Leit ass et dat gréissten, wat se an hirem Liewe bis elo hu missen op d’Been stellen.

Et ginn esou vill Saachen un déi ee muss denken, mee mat engem kloren Plang an deier enger oder aner Checklëscht, ass alles just hallef esou wëll.

Matt dësem klenge Guide féieren ech Iech Schrëtt fir Schrëtt un äre groussen Dag erun, sou dass dir esou wéineg Stress wéi méiglech hutt an Iech kënnt op äre groussen Dag freeën.

 

Di gréisste Punkten

Amfong kann een d’Organisatioun vun enger Hochzäit a 7 grouss Punkten andeelen. Hutt der Iech déi gutt agedeelt, ass schonn e risege Batzen un Aarbecht gemaach, nämlech deen, näischt ze vergiessen!


Ech deelen d’Preparatioun folgendermoossen op:


1. Mir si verloobt!
2. Wat brauche mer?
3. Wéie Stil maache mer eigentlech?
4. Mir invitéieren Iech!
5. Nach e puer Rendezvous’en…
6. Den Dag ass bal do!
7. Gepackt!


Ok, et ass vläicht e bësse vill vereinfacht fir ze soen, mat deene 7 Punkten ass är Hochzäit fäerdeg organiséiert, mee et elo gesäit et direkt schonn no vill manner aus!

1. Mir si verloobt!

Gratulatioun!

Et ass e grousse Schrëtt, sech ze entscheede fir mat sengem Partner d’Bestietnis anzegoen an him ze versprieche fir éiweg bei em ze bleiwen.


Dat éischt wat der lo natierlech musst maachen, ass ärer nooster Famill an äre beschte Frënn Bescheed ze soen. Mee dat gëtt jo och schonn oft e puer Minutten no der grousser Fro gemaach 😉
Dëse Punkt kann een nach eng Kéier e bëssen ënnerdeelen:


Kroopt äre Kalenner eraus a sicht gemeinsam e passenden Datum eraus. Heibäi ass et schonn direkt wichteg ze wëssen a wéi enger Joreszäit der Iech bestuede wëllt; soll et eng Winter Wonderland Hochzäit ginn, eng klassesch Summerhochzäit mat laangen Nuechten oder awer léiwer eng méi frësch am Fréijoer oder am Hierscht? Dës Decisioun ass eventuell och ausschlaggebend op de Stil vun ärer Hochzäit, mee dozou komme mer nach mi spéit.


Dir hutt ären Datum fonnt? Da kënnt der Iech op d’Sich maachen no Locations hei am Land oder och am Ausland. Frot roueg bei e puer Locations gläichzäiteg un op se nach disponibel sinn. An der Ufro
kënnt der och direkt schonn e puer wichteg Froe stellen, wéi d’Käschte vum Sall oder op et eng Limitt vu Lautstäerkt gëtt (dëst kann di eng oder aner Party futti maachen, wann um 10 Auer d’Lautstäerkt vun der Musek muss erof gedréint ginn!)


Dir hutt Iech fir en Sall decidéiert, da kënnt der elo bei ärer Gemeng, a bei ärer Kierch, wann der eng kierchlech Hochzäit wëllt, uruffen an och do ären Datum nofroen a fixéieren. Wann alles geklappt huet, sinn d’Gemeng, de Sall an d’Kierch déi Deeg disponibel wou der Iech erausgesicht hutt.


Fir dass der net iergendwann vum Hocker faalt, géing ech elo äre Budget opstellen. Bezuelt dir alles eleng? Dann rechent Iech aus wat der bis är Hochzäit nach kënnt spueren a kuckt no wat der op der Säit hutt. Hutt dir Elterendeeler déi Iech bäileeën, da frot op dëser Plaz no, natierlech mat Taktgefill, wat se Iech bäisteieren, virausgesat, se hunn Iech et net schonn am Viraus gesot.
De Budget elo schonn opzestellen ass wichteg, fir dass der wësst wéi vill Leit der kënnt invitéieren. Natierlech ass d’Unzuel och ofhängeg vun der Gréisst vum Sall, de Käschte vum Traiteur an och wéi grouss dir iwwerhaapt wëllt feieren, mee et ass awer net schlecht elo schonns eng grob Iddi ze hunn.


Är Gäschtlëscht steet? Dann kënnt der elo är “Save The Date – Karten” verdeelen, da kënnen är Gäscht sech den Dag scho reservéieren, och wann nach keng richteg Invitatioun eraus ass.
Dermadder hutt der schonn e grousse Pak un Aarbecht hannert Iech a den éischte Punkt ass ofgeschloss!

2. Wat brauche mer?

Spéitstens hei ass et wichteg en gutt opgestallte Budget ze hunn, well elo kommen déi mi grouss Posten.

Wat braucht dir alles fir är Hochzäit?

Dir musst eppes unhunn, also Kleeder. Dir musst Iessen, also musst der Iech iwwer Traiteuren informéieren.

Dir braucht Musek fir alles ze animéieren, also huelt der Kontakt mat DJ’s an/oder Bands op.

Dir wëllt gestyled sinn, also sicht der Iech e puer Make-Up Artists aus der Géigend eraus.

An natierlech wëllt der Iech fir ëmmer kënnen un deen Dag erënneren, dofir gitt der op d’Sich no deem Fotograf dee fir Iech am beschte passt!Ech géing heibäi der Drénglechkeet vun der Reservatioun no fueren, also déi Leit buchen, déi oft laang am viraus ausgebucht sinn: Fotograf, DJ a Make – Up.

Et ass extrem wichteg, dass der Iech deen Hochzäitsfotograf eraussicht, dee souwuel mat senger Aarbecht, wéi och mat sengem Charakter bei Iech passt! Ären Hochzäitsdag ass esou schnell eriwwer an alles wat dann nach bleift sinn är Erënnerungen am Kapp an déi op de Fotoen. Maacht hei net de Feeler a kuckt op d’Suen, mee op d’Aarbecht. Et ass wéi iwwerall, Qualitéit kascht an et kann ee kee Ferrari zum Präis vun enger 2CV erwaarden. Maacht Iech eng kleng Lëscht vu méigleche Fotografen a schreift dës un fir d’Disponibilitéit vun ärem Dag ze froen an en Rendezvous auszemaachen.

Mat der richteger musikalescher Begleedung steet a fält eng Feier. Sief et d’Musek fir wärend der Trauung, beim Aperitif a virun allem owes bei der Party. Huelt Iech deen DJ oder déi Band, déi an äre Stil passt, an awer och kann op d’Wënsch vun äre Gäscht am Laf vum Owend kann agoen. Kënnt hie mat eegenem Material oder ass en op d’Lautsprecher am Sall ugewisen? Huet e genuch Mikro’en falls dës fir Spiller gebraucht ginn? Dat sinn e puer Saachen déi der bei ärem Gespréich kënnt uschneiden.

Och bei de Make – Up Spezialisten, ginn d’Reservatiounen ëmmer méi fréi gemaach. Gitt also och hei fréi genuch op d’Sich no engem Spezialist, deen op ärem Dag Zäit huet. Frot wichteg Saachen no, z.B mat wéi enge Produit’en se schaffen, falls dir allergesch op verschidde Saache sidd a kuckt Iech hir Aarbechten op hirer Homepage oder op de Social Media Kanäl un.

Bei den Traiteuren ass äre Budget eng wichteg Informatioun fir si. Wann der verschidden Traiteuren ufrot, gitt dëse mat, esou dass si Iech besser éischt Offere kënne maachen. Sot hinnen direkt wat der am Menü wëllt hunn a wat net. Wëll der en 5 Gängemenü mat Sorbet an Hochzäitskuch? Oder léiwer e Buffet an duerno just Bamkuch beim Kaffi? Wat méi Informatiounen, wat natierlech d’Offer schonn direkt vill méi konkret gëtt a souwuel Dir wéi och den Traiteur manner Aarbecht hutt.

3. Wéie Stil maache mer eigentlech?

Dir sidd elo schonn e gutt Stéck bei der Organisatioun vun ärer Hochzäit viru komm, mee elo ass et un der Zäit de Stil vun ärer Hochzäit festzeleeën.
Sidd der klassesch ugehaucht, romantesch an zäitlos? Wëllt der eng Prinzessinnen Hochzäit, pompös a riseg? Wëllt der Iech an engem Vintage Stil bestueden, mat vill aler Deko a selwer gebasteltem. Oder léiwer e bësse méi ausgefale wéi zum Beispill eng Rockabilly Hochzäit mat Liederjackett an Elvis Frisuren.


Jee nodeem wéie Stil der Iech eraussicht, hutt dir méi oder manner Aarbecht fir Dekoratioun selwer ze gestalten an ze bastelen, oder se einfach ze kafe respektiv ze léinen.

4. Mir invitéieren Iech!

Eng 4 bis 5 Méint virun der Hochzäit kënnt der är Invitatiounen eraus schécken. Dës wäerten ofhängeg vum Stil vun ärer Hochzäit ausgesinn, esou dass der e roude Fuedem vum éischten Deel bis zum leschte Punkt vun ärer Hochzäit an engem Konzept hutt. Dat vereinfacht villes, wann der op d’Sich no der enger oder anerer Saach gitt!


Wëllt dir Fotoe vun Iech op der Invitatioun hunn, da maacht mat ärem Fotograf en Verloobungsshooting aus. Dir kënnt d’Fotoen net nëmme fir är Invitatiounen huelen, mee dir hutt och schonn d’Geleeënheet Iech mat ärem Fotograf anzespillen, esou dass d’Fotoen um Hochzäitsdag selwer méi flësseg kënnen oflafen an dir hutt nach weider Fotoe vun Iech als Koppel ewéi just am wäisse Rack an am Costume. Fäert net! Loosst Iech vun ärem Fotograf beroden, wéi der Iech dofir sollt undoen, wéi der poséiert a gesitt wéi hie schafft. Fir vill Leit ass dat déi éischte Kéier wou se professionell Fotoe vun sech maache loossen. Genéisst et a loosst Iech einfach goen. Et wäerte Momenter entstoen un déi der Iech éiweg wäert erënneren.


Hutt dir är Fotoe kritt, kënnt der elo är Invitatioune fäerdeg maachen an är Gäscht offiziell op är Hochzäit invitéieren.

5. Nach e puer Rendezvous’en...

Di läscht Méint waren ustrengend an dir sidd tëscht Rendezvous’en an Organisatioun just nach hin an hier gesprongen.

Ma ech kann Iech berouegen, et leeft nach 1 2 Méint esou weider 😉

Mee mer kommen awer soulues op de Schluss zou!

Et ass esou lues un der Zäit, sech Gedanken iwwert ären éischten Danz als bestuete Koppel ze maachen. Wann dir danze kënnt, ëmsou méi einfach da sidd der hei scho bal fäerdeg. Wëllt der e speziellen Danz mat enger agespillter Choreographie? Oder awer e klassesche Waltz? Sicht Iech eventuell en Danzproff aus ärer Géigend, a studéiert nach emol di eenzel Schrëtt an.

Vergiesst och net är Hochzäitsrees ze buchen! Fir esou mann wéi méiglech Stress bei der Organisatioun vun ärer Rees ze hunn, géing ech bei eng Reesagence goen. Hei fannt dir Spezialisten, déi sech perfekt mat Hochzäitsreesen auskennen. Och hei gëllt erëm; dir gitt eemol bestuet, an deementspriechend sollt der Iech et och gutt op der Hochzäitsrees goe loossen.

Elo kënnt en ganz genossvolle Rendezvous: äert Testiesse beim Traiteur. Hei hutt dir d’Méiglechkeet äre Menü komplett a Rou mat ärem Partner ze probéieren an ze genéissen! Zéckt net dem Traiteur ze soe falls nach Klengegkeete solle geännert ginn, oder der eppes komplett anescht wëllt well Iech de Menü net schmaacht! Et si professionell Leit déi dat all Dag maachen, an op esou Wënsch schnell a korrekt kënnen agoen!

Dir sidd elo just nach e puer Méint vun ärer Hochzäit ewech, et ass elo un der Zäit di läscht Ännerungen un äre Kleeder maachen ze loossen, sou dass alles mat Zäite fäerdeg ass. Dat bedeit awer och; di nächst Wochen heescht et opgepasst mam schnécken 😉

6. Den Dag ass bal do!

Just nach e puer Woche bis zu ärer Hochzäit!

Elo ass den Endspurt wat d’Organisatioun ugeet. Dat heescht d’Dëschuerdnung opstellen, wann alleguer d’Umeldungen era sinn. Print Iech am beschten alleguer d’Nimm eraus a leet se den Dëscher no op e Blat virun Iech. Sou kënnt der eventuell Problemer, mer kennen dach all Leit déi een net ka beienee setzen, besser erkennen a léisen.

Hutt der Iech scho Gedanke gemaach wat der als Gäschtekado op den Dësch leeë wëllt? Eng kleng Käerz, e Glas Hunneg oder e klenge Shot Limoncello. Eng Klengegkeet déi är Gäscht kënne matheem huelen an esou eng kleng Erënnerung un är Hochzäit hunn.

Är Deko sollt esou lues och komplett sinn, also alles fäerdeg bastelen, di läscht Saache bestellen an eng Kéier en Dësch decken a kucken op alles beienee passt.

6.1 Eisen Dag!

Den Dag ass do! An de leschte Méint hutt der Iech vill Gedanke gemaach, vill dofir geschafft, vill geplangt. Genéisst ären Dag mat ärem Partner, ärem neie Mann ärer neier Fra!

7. Gepackt!

Dir hutt är Hochzäit hannert Iech, hat eng wonnerbar Zäit op ärer Hochzäitsrees a sidd elo erëm doheem. Zesummen als bestuete Koppel geet elo en neie Liewensofschnëtt un.

Mee eng Klengegkeet ass nach vun ärer Hochzäit ze organiséieren, är Remerciement’en fir är Gäscht an un all déi wou Iech e klenge Geste fir är Hochzäit gemaach hunn! Heifir kënnt der Fotoe vun ärem Verloobungsshooting, ärem Hochzäitsdag an och vun ärer Hochzäit huelen. Eng kleng Collage vun de leschte Méint, als Erënnerung un déi flott a stresseg Zäit vun der Organisatioun, dem groussen Dag an der gemeinsamer Zäit op der Rees! Ech wënschen Iech vill Gléck fir är gemeinsam Zukunft! 

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Dësen Internet-Site benotzt kleng Kichelcher fir sëcher ze sinn, Iech dat beschten Erliefniss kënnen unzebidden.