fbpx

E bëssen iwwert mech

Mäin Numm ass Benjamin Ewerling an ech si selbststänneg ënnerwee ënnert dem Numm Benji Ewerling an Moments by Benji Ewerling.

1991 sinn ech op d’Welt komm an hu scho mat 12 mat menger éischter Kamera probéiert alles festzehalen. Berufflech hat ech mech éischter a Richtung Techniker an Handwierk ausbilde gelooss.

No iwwer 15 Joer Erfarung am Beräich vun der Fotografie, hunn ech den Entschloss gefaasst mech nei ze orientéieren, a mech voll a ganz op meng Passioun ze konzentréieren.

Amfong dierf ech mech jo guer net Fotograf nennen, well ech ni eng Ausbildung zum Fotograf genoss hunn. Dofir gesinn ech mech och éischter als Kënschtler.

Privat sinn ech selwer glécklech bestuet a wunne mat menger Fra a mengem Mupp an eisem klengen Haischen am flotte Biekerech.

Eng Foto ass fir mech, d'Méiglechkeet di klengsten a flüchtegst Momenter fir ëmmer festzehalen. Egal op dat op enger Hochzäit ass, op engem Concert oder einfach an der Vakanz matt der Famill. 
Benji Ewerling

Dësen Internet-Site benotzt kleng Kichelcher fir sëcher ze sinn, Iech dat beschten Erliefniss kënnen unzebidden.