fbpx

Location Auswiel

D’Konscht di richteg Location fir är Hochzäit a Lëtzebuerg an Ëmgéigend ze fannen.

äre groussen dag

Är Hochzäit ass e wichtege Meilesteen an ärem Liewen. En Dag voller Freed, voller Léift a voller klenger flüchteger Momenter. Déi richteg Hochzäitslocation ass do en essentiele Punkt, sou dass äre groussen Dag och perfekt gëtt.

D’Location ass d’Kulisse fir är Léift an är Geschichten, déi deen Dag entstinn. Se gëtt den Toun an d’Atmosphär un, wéi den Owend wäert verlafen. Ëmgebaute Scheieren, eleganten Hoteller oder Festsäll an der Stad, d’Auswiel hei a Lëtzebuerg an Ëmgéigend bitt eng Hellewull un Auswielméiglechkeete vu klengem bis onbegrenztem Budget.

 

An dësem Artikel, wëll ech Iech net nëmme verschidden Hochzäitslocations weisen, mee Iech och mat op de Wee ginn, op wat Dir musst oppassen, wann der Iech fir e Sall fir är Hochzäit entscheet.

Se muss äre visuellen Uspréch gerecht ginn, genau sou wéi ärem Portemonnaie. Se sollt äre Stil zréck spigelen, an de Stil an d’Thema vun der Hochzäit kënnen ënnersträichen.

 

Är Hochzäit gëtt jo idealerweis vun engem Fotograf (hoffentlech vu mir 😉 ) oder vun engem Videograf festgehalen. Op dëse Biller wäert der Iech ëmmer erëm kënnen ukucken, wéi der äre Sall dekoréiert hutt, wéi d’Leit am Haff hiren Apértiv gedronk hunn, oder d’Kanner op der Spillplaz gespillt hutt.

 

1. Stil an Thema vun ärer Hochzäit

Är Hochzäit ass eng eemoleg Geleeënheet äre perséinleche Stil als Koppel an är Léift ze weisen. Ier der op d’Sich no enger Location gitt, ass et wichteg sech Gedanken iwwert äert Thema an äre Stil vun der Hochzäit ze man. Wëll der eng romantesch an elegant Hochzäit, soll et méi rustikal a vintage sinn, oder vläicht awer modern a chic? Sidd dir Naturleit oder awer éischter Leit déi sech et och emol gutt goe loossen a sech wëlle bedénge loossen?

D’Hochzäitslocation sollt äre perséinleche Goût an d’Thema vun der Hochzäit zréckspigelen. Wann der eng méi vintage-style Hochzäit wëllt, kënne Scheieren zum Thema passen, méi rustikal wier eng al (awer propper) Industrie-Hal eng Iddi. Wann der et méi elegant wëllt hunn, da kënnt der Iech e puer Hoteller ukucke goen, wou ee vun A-Z bedéngt gëtt.

Dir musst drun denken, dass d’Hochzäitslocation är komplett Hochzäit beaflosse wäert. Wann der keng Méiglechkeet hutt, fir en Apero dobaussen ze man, kann et fir verschidden eeler Leit eng hëtzeg Affär ginn, wann een 10+ Stonnen an engem Sall ass.

Wann keng Schlofméiglechkeete bestinn, musst der domadder rechnen, dass d’Leit éischter heem fueren, a vläicht net souvill drénken, wat sech kann op d’Stëmmung auswierken.

Maacht Iech am beschten e Moodboard op Pinterest, do fannt dir net nëmmen Iddie fir all Beräich vun ärer Hochzäit, mee dir gesitt och, wéi eng Locations aner Koppele geholl hunn, souwuel am positive wéi och am negativen.

2. Unzuel vun de Gäscht a maximal Kapazitéit vum Sall

Entweder passt der är Gäschtlëscht ärer Dramlocation un, oder dir gitt op d’Sich no engem Sall deen är komplett Gäschtlëscht kann ophuelen.

Alleguer d’Säll hei a Lëtzebuerg déi dir loune kënnt, also net privat zu privat, huet eng Gesamtkapazitéit déi vun de Pompjeeë festgeluecht gouf.

D’Gréisst vum Sall ass extrem wichteg, wann et drëm geet fir eng gutt Stëmmung op ärem Owend kënnen opkommen ze loossen.

Ass de Sall ze grouss fir d’Unzuel vun äre Gäscht, da verléiert een sech dran an dir hutt iwwerall kleng Gruppéierunge vu Leit, ouni dass eng richteg Stëmmung kann opkommen. Ass de Sall ze kleng, kann et sinn, dass dir musst Leit vun äre Gäschtlëscht musst sträichen. Iwwerleet Iech, op der eng Danzpist wëllt am Sall hunn. Déi brauch jee no Unzuel vu Gäscht richteg vill Plaz. Och de Service muss mat den Tellere ronderëm den Dësch kommen.

Wann der d’Ufroe bei de Säll maacht, sot hinnen direkt mat wéi vill Leit dir rechent, oder frot no wat hir Gesamtkapazitéit ass.

Verschidde Locations hunn zwar d’Méiglechkeet 100+ Leit an de Festsall ze kréien, hunn awer keng Méiglechkeet fir esouvill Leit fir eng Zeremonie ënner ze bréngen, falls der eng fräi Trauung wëllt op der Plaz man.

3. Äre Budget an d'Käschten

Beim Budget ass hei a Lëtzebuerg an Ëmgéigend natierlech keng Grenz gesat. Dir hutt d’Méiglechkeet vun engem gratis Sall bis hin zu 20 oder 30 Dausend Euro.

D’Käschte vu sou engem Sall kënne staark variéieren, wat un der Gréisst läit, un der Kapazitéit, op et en Droit de Bouchon oder Fourchette gëtt, oder natierlech un der Location selwer, wann dir e Schlass bucht an alleguer d’Déngschtleeschtunge wëllt an Usproch huelen.

 Setzt Iech e Budget fest, a probéiert Iech sou gutt wéi méiglech och do drun ze halen. Soubal der ufänkt op engem Poste méi auszegi wéi festgesat, leiden entweder aner Beräicher drënner, oder Dir sprengt äre Konto komplett. Eng Hochzäit ass keng bëlleg Affär, dofir iwwerleet Iech gutt firwat der är haart verdéngte Sue wëllt ausginn.

Muss et e Schlass aus dem 18. Joerhonnert sinn, oder geet och eng renovéiert Scheier op engem Bauerenhaff, deen änlech ausgesäit. Tëscht deenen zwou Locations kënne gutt a gär 10.000€ leien.

4. Standuert an Zougänglegkeet

De Standuert vun ärer perfekter Hochzäitslocation ass net just eng Fro vun ärem perséinleche Goût, mee och vun der Zougänglechkeet vun äre Gäscht.

Dir gitt vläicht mam Auto bis an den Haff vun der Location gefouert, mee wann är Gäscht mussen e puer Kilometer an héije Schong zréckleeën, da gëtt et vläicht Geknouters beim Apéritiv.

Dir braucht genuch Parkméiglechkeeten an der direkter Ëmgéigend, oder e Shuttle deen Iech erëm bei d’Autoe brénge kann. De Shuttle muss fir Owes zréck awer och e puer mol fueren, zu verschiddenen Zäiten, sou dass jiddereen d’Méiglechkeet huet, ze fuere wann en ze midd ass.

Wann är Zeremonie, sief et Kierch oder eng fräi Trauung, zwou oder dräi Autosstonne vun der Hochzäitslocation ass, muss een eng Schlofméiglechkeet hunn. Kuckt also op d’Location selwer Schlofméiglechkeeten hutt, oder op genuch Hoteller an der Géigend sinn.

Wichteg ass och den Aspekt vun der Ëmgéigend vun der Location. Ass et eng moleresch Kuliss fir romantesch Hochzäitsfotoen? Oder si vill Rau Hannergrënn do, wann der et mi urban wëllt halen?

Stellt sécher, alleguer dës Punkten an är Entscheedung mat eran ze huelen, sou dass fir jiddereen e flott Erliefnis ka geschaf ginn.

5. Indoor oder Outdoor - Summer oder Wanter?

D’Joreszäit vum Datum vun ärer Hochzäit spillt eng wichteg Roll bei der Sich vun ärer Location. Mir hunn hei a Lëtzebuerg leider eng Temperaturdifferenz vu 50 Grad vum Wanter op de Summer. Mee och de Reen kann déi eng oder aner Organisatioun bei der Hochzäit op de Koup geheien.

Di läscht Joren hu gewisen, dass d’Wierder weder am Summer nach am Wanter sech sou behëlt, wéi et amfong misst fir déi Joreszäit.

Wann der eng Trauung oder en Apéritiv dobausse wëllt man, dann ass et wichteg sech eng Location ze sichen, déi och dëst ka garantéieren. Sief et mat Zelter fir géint de Reen, oder och ze staark Sonn, oder mat engem zousätzleche Sall, fir de Fall wou et naass gëtt, awer kënnen d’Zeremonie an den Apéritiv ze garantéieren.

Déi mannste Locations hunn d’Méiglechkeet eng Zeremonie an d’Iessen am selwechte Sall kënnen ofzehalen. Dir braucht also Auswäichméiglechkeeten.

Eng Fräiloft-Hochzäit gëtt natierlech e summerleche Feeling an eng locker Atmosphär. Bedenkt awer och, dass d’Männer vum Hals bis bei d’Zéiwen zougeknäppt sinn, an dass dat bei 40 Grad dobaussen net super angeneem ass, wa keng Méiglechkeet fir Schied ginn ass.

Dat nämmlecht gëllt bei de Fraen a beim Wanter. Bei Loft an -10 Grad, musst der un d’Räck denken, wou et schnell eng kal Affär gëtt.

6. Ambiance an Déko

D’Ambiance vun der kompletter Location, gëtt de Stil vun der Hochzäit fir. Dir kënnt och nach souvill Häerzer an enger Industriehal ophänke wéi der wëllt, et gëtt ni eng romantesch Kulissen. Dat nämmlecht gëllt natierlech och ëmgedréint; e Schlass ass nëmme schwéier an de Stil vun de 50er Joren ze setzen.

Wann der e Sall bucht, kuckt wéi eng Méiglechkeeten et ginn, fir de Sall ze dekoréieren. Ginn et eventuell scho Kreep, wou ee Saache kann ophänken? Si Balken um Plaffong, déi ee kann notzen? Schwätzt mat der Direktioun vun der Location, wat een alles dierf a wat een net dierf.

Wann de Sall schonn duerch seng Architektur erausstécht, musst dir iech eventuell manner op d’Dekoratioun konzentréieren, a kënnt dës Suen aspueren.

Och d’Ëmgéigend vum Sall zielt do dozou; e flotte Schlassgaart gëtt eng herrlech Kulisse fir Hochzäitsfotoen, e Konzertssall huet eventuell eng impressionant Bün, déi ee kann notze fir ze rëschten.

Är Dekoratiounen a Blummen, mussen net nëmme bei de Stil vun der Hochzäit passen, mee och bei de Stil vun der Hochzäitslocation.

7. Déngschtleeschtungen an Ënnerstëtzung

Bei der Wiel vun der Location geet et net nëmmen em de Flair vun der Hochzäit, mee och em dat wat nach beim Sall mat dobäi ass.

Stellt d’Hochzäitslocation de Catering selwer, oder freet se en Droit de Fourchette? Huet se en eegenen Zeremonienmeister, eegenen DJ oder eegene Fotograf? Wëllt der iwwerhaapt, dass de Sall iech déi Saachen imposéiert?

Frot bei der Location no, fir wéi vill Leit d’Kichen ausgeluecht ass, a mat wéi engem Traiteur si zesumme schaffen, respektiv wien am meeschten do ass. Ass et ëmmer deen nämmlechten Traiteur, da kennt deen de Sall wéi wann et säi Restaurant wier, an e vergësst näischt. Bréngt dir en neien Traiteur mat an de Sall, kinnt et sinn dass si Problemer an der Kichen eventuell net kënne léisen.

Schwätzt mat de Besëtzer vun der Location, wat dir alles virhutt, a wou der hir Ënnerstëtzung braucht. Meeschtens sinn organisatoresch Saachen och gratis. Verschidde Saache wéi Stillbezich kaschten allerdéngs, och wann et just fir d’Botze vun de Bezich ass.

Kontrolléiert och d’Méiglechkeeten déi den DJ huet. Si genuch Stroumuschlëss do, gëtt et eventuell eng Anlag wou hie sech kann uschléissen oder muss e selwer alles matbréngen? Dierf den DJ eng Niwwelkanoun benotzen, a gëtt et eng Limitt vun der Lautstäerkt. Et ginn och Säll, déi hunn en Dezibelmiesser, déi ausschalte wann et ze haart gëtt. Et gëtt näischt mi Schlëmmes, wéi wann de Stroum ausgeet, wëlle en ze haart war, an dann d’Hochzäit ënnerbrécht oder souguer zum Schluss bréngt.

8. Referenzen a Besichtegungen

Sou wéi der en Hotel oder e Restaurant unhand vu Bewäertunge bucht, sou sollt der dat och bei Hochzäitslocations maachen. Wann e Sall duerchgoend positiv Bewäertunge kritt, da kann een sech zimmlech sécher sinn, dass fir äre groussen Dag alles riicht ofleeft. Dir waart eventuell souguer scho selwer op enger Hochzäit an engem Sall deen iech super gefall huet, da sidd der schonn är eege Referenz. Da kontaktéiert d’Koppel, a frot no op si mam Sall zefridde waren, an op wat ee muss oppassen.

Natierlech ass eng perséinlech Besichtegung vum Sall nach ëmmer dat bescht, an och Flicht wann der e Kontrakt mat hinnen ënnerschreift. Dir kënnt se bei ärer Besichtegung awer eventuell op di eng oder aner negativ Kritik uschwätzen, a kucken op dëse Problem mëttlerweil geléist ass. Mee denkt drun, net alles wat um Internet steet, stëmmt och oder ass genau sou ofgelaf, wéi et geschriwwe gouf.

Hochzäitslocations zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend

Sou lo no laangem hin an hier, komme mer dann zu deem wichtege Punkt, de Locations selwer. Dëst ass just eng kleng Auswiel vun deene ville Säll, wann net souguer honnerten Hochzäitslocations, di Lëtzebuerg a seng Ëmgéigend ze bidden huet. Et soll eng kleng Iwwersiicht sinn, wat et vun ënnerschiddleche Méiglechkeete ginn.

Val de Scherbach

100, rue de la Platinerie
B-6700 ARLON

Greiwels Haff

Greiwels Haff, 8059 Bertrange

Schengener Haff

2, Rue Robert Goebbels L-5444 Schengen

Le Clos du Bru

Rue du Bru 10, 6670 Gouvy, Belgien

Lentzen Chalet

ZAE Robert Steichen 4 rue Laangwiss L-4940 Bascharage

An Haffen

13,rue des Trois Cantons L-3980 Wickrange

Chateau de Mirwart

Rue du Château 29 6870 Mirwart (Saint-Hubert) Province de Luxembourg Belgien

Ferme du Château d'Ahin

14 Chaussée de Dinant 4500 Huy - Belgique

Chateau d'Urspelt

Am Schlass L-9774 Urspelt

L'Orangerie

Avenue des Bains L-5601 Mondorf-les-Bains

Sporthotel Leweck

9378 Lipperscheid

A Guddesch

1, am Kaesch L-7593 Beringen / Mersch

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Dësen Internet-Site benotzt kleng Kichelcher fir sëcher ze sinn, Iech dat beschten Erliefniss kënnen unzebidden.