Dat hunn ech mir als Zil gesat!
Eng Hochzäit ass esou vill méi, wéi den Oflaf deen een op Pabeier festgehalen huet. Et ass eng Ureihung vu flüchtege Momenter um wichtegsten Dag an ärem Liewen.
Di Tréin di de Bak erof leeft, dat häerzhaft Laache wann een an engem flotte Krees steet, d’fonkelen an den Ae vun den Eltere wann der Iech d’Jo Wuert gitt. Alleguer dës Momenter maachen ären Dag aus. An et ass u mir, dës fir Iech festzehalen an ze konservéieren.