fbpx

Léift mat all Klick festhalen

Ech wetten, dir zwee hutt nach ni esou „richteg“ Fotoen zësumme gemaach, oder? Mol di eng oder aner Foto mam Handy, an dat war et och schonn. An dobäi sitt der scho sou laang zësummen a passt perfekt beieneen!

Iwwerloost mir d’Fotoen vun iech ze maachen, sou dass mer natierlech Koppelfotoen vun iech zwee kenne maachen, déi engem d’Häerz beréieren ❤️

Mir huelen eis gemeinsam Zäit, fir är perfekt Momenter anzefänken. Egal op dat dobaussen an der Natur ass, an enger Stad oder bei iech zwee doheem, wou dir iech am wuelsten fillt. 

Loosst är Léift fir ëmmer festhalen

Eisen hekteschen Alldag verleet eis leider heiansdo derzou, déi wichteg Saachen am Liewen ze vergiessen. A wat gëtt et méi wichtëges, wéi d’Léift zu sengem Partner, deen ëmmer fir dech do ass an dech stäerkt wannsde e brauchs. 

Bei engem Koppelshooting si just mir dräi ënnerwee, a kënnen är Léift ganz intim festhalen. Keen Alldagsstress am Kapp, keen Zäitdrock a keng Verflichtungen. Just dir zwee, an ech dee mat der Kamera ronderëm iech leeft, an iech kann esou afänken, wéi dir zwee wierklech matenee sidd.

 

Wéi leeft et of?

Wann dir iech entscheet hutt, e Koppelshooting mat mir ze maachen, da schreift der mech einfach hei iwwert de Site un, oder schéckt mer eng Email op info@benjiewerling.com. Der kënnt mech awer och iwwer Facebook uschreiwen.

Anschliessend maache mir e Rendezvous aus. D’Auerzäit vum Shooting hänkt dovunner of, wat dir am léifste vun de Fuerwen hutt. Wëll dir gären d’Moiessonn hunn oder léiwer d’Golden Hour Owes? Wa mer de Shooting bei iech doheem maachen, dann si mer net wierklech un eng Auerzäit gebonnen.

De Shooting selwer ass fir eng Stonn ugesat, a kascht 300€. Hei kritt dir alleguer d’Fotoen an digitaler Form als Download Link. Dat dauert och keng Éiwegkeet, normalerweis kritt dir d’Fotoen innerhalb vun enger Woch.

Dee klenge Schratt méi

E gemeinsame Koppelshooting ass eng ganz flott Saach fir iech als Partner. Mee et bréngt iech net vill, d’Fotoen um Handy oder um Computer ze hunn, an dir kuckt se ni méi. Dofir proposéieren ech menge Koppelen ëmmer eng Auswiel un  Drockproduiten, vu Fotoalbe bis hin zu wonnerschéine Wandbiller mat Fotoe vun hirem Koppelshooting. 

Dëst ass eppes wou ech iech wärmstens kann un d’Häerz leeën, fir de Maximum aus ärem perséinleche Shooting kënnen eraus ze zéien.

Nodeems dir är Fotoe kritt hutt, ginn ech iech eng Auswiel vun de Méiglechkeeten, wéi dir är Biller kënnt printe loossen. Keng Angscht, dat kascht och alles net d’Welt, a virun allem ass et keng Flicht, mee just eng Recommandatioun 😉

Dësen Internet-Site benotzt kleng Kichelcher fir sëcher ze sinn, Iech dat beschten Erliefniss kënnen unzebidden.