fbpx

Koppelshootings

E Guide fir di perfekte Kleederauswiel

Kleederauswiel fir e Koppelshooting

Dir hutt mat ärem Fotograf e Koppelshooting geplangt an hutt keng Ahnung wat der soll undoen? Keng Angscht, deene meeschte Leit geet et esou. Fir vill Leit ass et déi éischte Kéier, dass si sech professionell fotograféiere loossen, an dann eventuell och nach direkt fir e wichtegt Evenement wéi hir Hochzäit.

Idealerweis hutt der e Shooting bei ärem Fotograf gebucht, bei deem der zwee verschidden Outfits kënnt undoen. Dat léisst Iech natierlech vill méi Spillraum!

Stellt Iech einfach eng Mauer bei Iech doheem fir, op déier eng Foto am grousse Format vun ärem Fotoshooting ophänkt. Wéi wéilt dir Iech dorop all Dag gesinn? Soll et eng Foto aus dem Alldag sinn, wëllt der léiwer e Styled Shoot mat professionellem Make – Up a Cocktailkleed oder einfach am Casual Chic Look?

 

Fotoen aus dem Alldag – Eng Reportage vun ärem Liewen

 

Wann Dir e Frënd vun ongestallte Fotoe sidd, ass dëst warscheinlech äre passende Stil. Ditt dat un, wat dir och am Alldag géingt undoen. Egal op dat einfach eng Jeans mat enger Blouse ass oder e Short beim Mann.

 

Passend zum Hannergrond   

 

Am beschten hutt der bei deem hei Stil opzepassen, wou dir är Fotoe maacht. Ass vill gréng Natur hannendrun oder sidd der op enger méi Industrieller Plaz wéi de Belval? Wann är Lieblingsfuerf gréng ass, ass dëst vläicht net di perfekte Fuerf fir är Blouse, wann der d’Fotoen am Bësch maacht. Beschwätzt also am Virfeld scho mat ärem Fotograf, wou an em wéi eng Auerzäit dir d’Fotoe maacht. Ofhängeg dovu kënnt der elo är Garderobe duerchsichen.

Wann dir är Fotoen an engem Naturëmfeld maacht wéi z.B am Bësch, si kräfteg Fuerwe rotsam, wéi zum Beispill rout oder blo. Perfekt dofir si Jeans Fuerwen a Kombinatioun mat Äerdtéin oder Pastel Elementer.

Ass äre Fotoshooting an engem méi urbanen an industriellen Ëmfeld, sidd der e bësse méi fräi wat d’Fuerwen ugeet, mee méi ageschränkt wat d’Texture vun äre Kleeder betrëfft. Fotoen an der Stad oder um Belval si vu sech aus scho méi opreegend um Bild. Hutt dir texturräich Kleeder un, kënnt dir ënner Ëmstänn op der Foto ënner goen. Hei heescht et also manner ass méi. Probéiert keng carréiert Hiemer unzedoen oder e Schal mat vill Musteren.

Egal op wéi enger Plaz dir är Fotoe maacht, probéiert ëmmer är Kleeder un de Partner unzepassen. Esou wuel am Stil wéi och an de Fuerwen. Passend Fuerwe sinn dofir ëmmer ideal.

 

 

Styled Shoot – Eleganz a Stil

 

Dir wëllt richteg elegant a stilvoll Biller vun Iech als Koppel? Dann ass e Styled Shoot dat richtegt fir Iech. Bei esou enger Fotosession gitt dir komplett friséiert a geschminkt a werft Iech an eng Tenue correcte. Fir d’Fraen heescht dat e laangt Cocktailkleed a fir d’Männer e Costume oder souguer e Smoking mat wäissem Hiem a Cravatte oder Méck.

Üblecherweis sinn esou Fotoshootings op Plaze mat engem oppenen Hannergrond, wéi z.B op der Kopp vun engem Bierg mat enger wäiter Vue, an enger edler Location wéi e Schlass oder méi urban an enger Stad op enger Location wou ee vill Plaz huet an een sech gutt beweege kann.

Sidd dir an der fräier Natur, hutt dir also jee no Joreszäit e mi gréngen Hannergrond oder e bësse méi e wäisse wann Schnéi gefall ass.     

       

Casual Chic – Ee Level iwwert dem Alldag

 

De Casual Chic Stil ass wuel dat, wat di meeschte Koppele wielen, wann se e professionelle Fotoshooting maache wëllen. Dat bedeit einfach, dass dir Iech ee Level iwwert deem unditt, wat dir normalerweis unhutt. D’Männer kënnen nach ëmmer bei hirer Jeans bleiwen, mee dinn zousätzlech nach en Hiem un mat engem Blazer an eventuell Brong Lieders Schong. Bei de Fraen ass et genau sou einfach, och si kënnen sech locker undoen an da mat Accessoiren hire Stil ee Level méi héich bréngen.

Wann dir Iech gäre Casual Chic undot, sollt d’Ëmfeld och an deem Stil sinn. Dir maacht de Fotoshooting also an der Stad bei Gebaier, op ëffentleche Plazen a manner an der fräier Natur.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

Dësen Internet-Site benotzt kleng Kichelcher fir sëcher ze sinn, Iech dat beschten Erliefniss kënnen unzebidden.