Beschreibung
Verschenk de Kaddo vun zäitlosen Erënnerunge mat engem 1-Stonne Fotoshooting
Bassde op der Sich no deem perfekte Kaddo deen onvergiesslech Momenter kann afänken? Dann ass den 1-Stonne Kaddosbong deen ideale Kaddo fir déng Léif, egal op et e romantesche Koppel Shooting ass, en haërzerwärmenden Familljennomëtten oder e Schwangerschaftsshooting.
Just fir kuerz Zäit erhältlech an och a ganz limitéierter Stéckzuel!
Wat ass alles mat dran?
- En 1-Stonne Fotoshooting op der Plaz (dobaussen, bei denge Léiwen doheem oder enger Plaz déi wichteg fir si ass)
- Alleguer d’Biller an héchster Opléisung vum Fotoshooting, fir sécher ze stellen, dass si och all erliewtene Moment ëmmer erëm kënnen erliewen
An da kennt nach eppes dobäi: Mat dësem Bong schenkt dir hinnen och d’Chance op eng Reduktioun vu 15% op all Print a Wandbild wou vun deem Shooting bestallt gëtt! Sou kënnen si hir Fotoe vum Shooting och am Alldag ëmmer erëm gesinn. ❤️
Wéi leeft et of?
- Bestellt de Kaddosbong hei um Site am Wäert vun 250€
- Dir kritt de Bong per Post zougeschéckt, op déi Adress déi dir mir uginn hutt
- Verschenkt de Kaddosbong un är Léiwer, a gitt hinnen d’Chance hir Momenter kënne festzehalen
- Si huele Kontakt mat mir op, a mer maachen zesummen hiren Datum fir de Fotoshooting aus
- No dem Fotoshooting kréien si alleguer d’Fotoen an héchster Qualitéit als digitalen Download zur Verfügung gestallt
- Mat den zousätzleche Prints kennen si hir Momenter am Alldag ëmmer erëm nei erliewen!
Wichteg Detailer
- De Kaddosbong ass gülteg bis den 31. Dezember 2024
- Ideal fir Koppelfotoen, Famillje Fotoshootingen oder ongestallte Fotoe vun enger Schwangerschaft
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.