Checklëscht fir d’Organisatioun vun der Hochzäit
Eng Hochzäit ze organiséiere ka schnell oniwwersiichtlech ginn. Dofir ass et ni schlecht, eng kleng Checklëscht ze hunn, déi een sech ëmmer erëm kann ukucken an ee Punkt nom aneren ofschléissen ouni eppes ze vergiessen.
Dir kënnt Iech är gratis Checklëscht och direkt per PDF eroflueden andeem dir op Download klickt!
12 Méint
Sot ärer Famill an äre beschte Frënn Bescheed 🙂
- Datum(er) eraussichen
- Datum op der Gemeng reservéieren
- Datum an der Kierch reservéieren
- Budget opstellen (Ween steiert wat bei?)
- Locations uschreiwen a Rdv’er ausmaachen
- Kontakt mat engem Fotograf ophuelen
- DJ a Bands eraussichen
- Save the Date Karten drécke loossen a verschécken
- Gäschtlëscht opstellen
10 Méint
- Trauzeien eraussiche a froen
- Locations kucke goen a reservéieren
- Fotograf reservéieren
- DJ a Band reservéieren
- Make – Up Artist reservéieren
- Verschidden Hotel’er bei der Location uschreiwen
- Stil Iddie fir den Hochzäitsdag sichen
8 Méint
- De Stil vun der Hochzäit festleeën
- Iddi’en fir d’Dekoratioun sichen
- Verlobungsshooting mam Fotograf ausmaachen
- Iddi’en fir Hochzäitsrees sichen
- No verschiddenen Invitatioune stöberen
- No Kleederbutteke sichen an der Ëmgéigend
- Traiteur’en uschreiwen
7 Méint
- Invitatiounen drécke loossen
- Kaddo’s Lëscht opstellen
- Kleeder umoosse goen
- Eventuell mam Paschtouer treffen an Informatioune sammelen
- E Rendezvous mam Traiteur ausmaachen
- Dekoratiounkonzept opstellen
6 Méint
- Invitatioune verschécken
- Kontakt mat engem Danzproff ophuelen a sech Gedanken em den Hochzäitsdanz maachen
- Hochzäitsrees buchen
- Testiesse beim Traiteur
- Kleeder kafen a bestellen
- Dëscher, Still an Houssë reservéieren
- Transport organiséiere vun der Location bis bei den Hotel
- Dekoratioun organiséieren, bastelen oder bestellen
4 Méint
- Wäi schmaachen a bestelle goen
- Musékslëscht fir Band oder DJ opstellen
- Restaurant fir den Dag vun der Gemeng reservéieren
- Läscht Ännerungen un de Kleeder maache loossen
- Bijoue’en bestellen oder kafen
- Op d’Sich no eppes bloem, eppes geléintem an eppes gebrauchtem goen
- Dekoratioun organiséieren, bastelen oder bestellen
- Um Hochzäitsdanz schaffen
- No Hochzäitsréng sichen
3 Méint
- Kucke wat een alles op der Hochzäitsrees maache kann
- Di läscht Umeldunge vun de Gäscht ofwaarden an dem Traiteur d’Unzuel matdeelen
- De Menü beim Traiteur festleeën
- Menü Karten drécke loossen
- No Gäschtekadoe sichen
- Um Hochzäitsdanz schaffen
- Mam Coiffeur a Make – Up Artist de Look testen
- Hochzäitsréng bestellen a gravéiere loossen
- Dokumenter fir d’Gemeng era reechen
- Dokumenter fir d’Hochzäitsrees era reechen (VISA, WAIVER etc)
- Gäschtebuch bestellen oder bastelen
- Dekoratioun organiséieren, bastelen oder bestellen
2 Méint
- Gäschtekadoe bestellen oder bastelen
- Dëschuerdnung opstellen
- Dekoratioun fäerdeg maachen
- Timeline vum Hochzäitsdag opstellen
- Wellness organiséiere fir de Getting Ready
- Ehegelübte schreiwen
- Kleng Kaddoe fir Trauzeien organiséieren
- Gemeinsame Kont bei der Bank opmaachen
- Organisatioun vun engem Chauffeur fir d’Koppel
1 Mount
- Beim Fotograf, Traiteur, Location etc den Datum nach emol confirméiere loossen
- D’Réng siche goen
- Hochzäitsrees confirméiere loossen an Ticket’en siche goen
- En Dësch mat der Deko zesumme setzen an dem Traiteur eng Foto dovu schécken
- Dem Traiteur d’Dëschuerdnung ginn
- Organisatioun vum Material bei d’Location
- Eng leschte Kéier bei de Coiffeur
- Den Danz muss elo sëtzen
1 – 2 Wochen
- Dem Fotograf eng Shotlist ginn
- Cash organiséiere fir Spiller an Drénkgeld
- Noutfall Kit zesumme stellen (Medikamenter, Plooschtere géint Blosen etc.)
- Kleeder prett maachen
- Dekoratioun beienee stellen
- All Dag danzen
Den Dag virdrun
- De Sall dekoréiere goen
- Manicure/Pedicure
- E bësse Wellness a Spa
- En leschten Owend genéissen
- Relaxen an e bëssen ofschalten
- Mat Zäite schlofe goen
Den Dag selwer
- Moies gutt Iessen
- Ganz gemittlech fäerdeg maachen
- Dem Trauzeien d’Réng ginn
- Den Dag genéissen an sech verwinne loossen
No der Hochzäit
- Remerciement’en verschécken
- Acte de Mariage dem Patron ginn
- Hochzäitskleeder an d’Botz droen
- Rendezvous mam Fotograf fir d’Fotoe vum Dag ze kucken
- Album a Biller bestellen
Leave a reply