Är Hochzäits
Reportage
All Hochzäit ass anescht an all Koppel huet aner Bedürfnisser. Dofir hunn ech Iech 3 verschidden Labels zesumme gesat, sou dass Dir Iech als Koppel dat kënnt eraussiche, wat am beschten bei Äre groussen Dag passt. Vun enger klenger Begleedung op der Gemeng, bis hin zum Komplett Set mat Getting Ready a Party, fir jiddereen ass eppes dobäi!
Dir fannt net dat richtegt? Da schreift mech einfach un, a mir sichen zesummen dat fir Iech eraus wat Dir braucht!
di meescht gestallte froen
Ech starte mäin Dag all Moien zu Biekerech, am Weste vum Land op der Belscher Grenz. Hei wunnen ech mat menger Madamm a mat mengem Mupp an eisem klengen Haischen.
Jo, dat ass guer kee Problem. Well awer all Destinatioun e bëssen anescht ass, schreift mer am beschten e Message wou a fir wéi laang, an da setzen ech Iech en Devis op!
An der Reegel dauert et 7-14 Deeg bis nom Shooting, bis dass Dir är Fotoe kritt.
Jo, natierlech! Jee nodeem wéie Label dir bucht, ass de Verlobungs-Shooting scho mat dran! Dir kënnt awer och gären e Shooting eenzel buchen. Dës Fotoe kënnt der zum Beispill fir är Save The Date Karte benotzen.
Am beschten ass et, Dir schreift mer e Message, entweder iwwert de Kontakt Formular oder eng Email op info@benjiewerling.com. Schreift mer wéini a wou Är Hochzäit statt fënnt, an da setzen ech mech schnellstméiglech mat Iech a Verbindung. 🙂
Jo dat ass och méiglech. Hei ass e minimum vun 2h virgesi bei engem Präis vun 200€/Stonn. Dat couvréiert Fotoe virun der Gemeng, d’Trauung, den Éierewäin an e puer Koppelfotoen anschliessend, an der Géigend vum Gemengegebai selwer.
No ärer Kontaktopnahm wäert ech Iech schnellstméiglech schreiwen oder uruffen. Duerno maache mir e Rdv aus fir e Gespréich, sou dass mir eis alleguer besser kenne léieren. Nodeems Dir iech fir e Label entscheet hutt, schécken ech Iech de Kontrakt per Post. Wann an ärem Label e Verlobungs-Shooting virgesinn ass, maache mir och direkt schonn en Termin fir dësen aus, an da geet et lass 🙂
Fir Är Hochzäit ass egal wéi gesuecht! Sollt krankheetsbedéngt eppes dertëscht kommen, organiséieren ech fir Iech en Ersatz Fotograf. Hei entstinn absolut keng Méikäschte fir Iech.
Grey Label
Gemengen reportagen-
Ab minimum 2h
-
Gemengenzeremonie
-
Éirewäin
-
Koppelfotoen virun der Gemeng
-
Fotoen als digitalen Download
Black Label
komplett set-
bis zu 12h Begleedung
-
60 Minuten Verlobungsshooting
-
Gäschtebuch vum Verlobungsshooting
-
Signature Fotobuch (26 Seiten)
-
Online Galerie
-
Slideshow
-
USB Stick mat all de Fotoen
-
5 Fotoen am Format DIN A3 professionell gedréckt
Mam Black Label kréie mir sou gutt wéi alles vun ärem groussen Dag agefaangen. Vum Getting Ready iwwer d'Zeremonie bis hin zu ärer grandioser Party ass do alles mat dran, sou dass der sécher sidd, dass och näischt verluer geet!
White Label
fir déi kleng hochzäiten-
bis zu 7 Stonnen Begleedung
-
Zeremonie / Gemeng
-
Éierewäin
-
30 Minuten Verlobungsshooting
-
Gruppefotoen
-
USB-Stick mat all de Fotoen
-
Online Galerie
Mam White Label kritt een eng flott Reportage vun ärer Hochzäit zesummen. Fir alles anzefänke vum Getting Ready oder vun der Feier, ass awer éischter de Black Label virgesinn.